Wann s du Student:in bass an e PCR-Test brauchs fir an däi Studieland an ze reesen, kanns de hei ee Voucher ufroe mat deem s du dech gratis an engem vun 3 Laboratoiren (Ketterthill, BioneXt, Laboratoires Réunis) teste loosse kanns. Bei der Demande muss de 3 Deeg Beaarbechtungszäit mat arechnen.
Kontrolléier och deng Spam Inbox, am Fall wou d’Email mat weideren Informatiounen an dëser ukomm ass.
Bei Froe kanns du dech zu all Moment per Mail op covid19test@acel.lu mellen.
Fir dësen Voucher unzefroen muss ee gewësse Konditiounen* erfëllen:
* Falls déi aktuell Situatioun sech ännert, kënnen d’Bedingungen, fir en Voucher fir sech testen ze loossen, änneren!
Wann deng Demande fir e PCR-Test akzeptéiert gëtt, kriss du d’Informatioune wou s du de Voucher siche goen kanns.
De Voucher kanns du net digital geschéckt kréien, well en a Pabeierformat ass.